Am Kader vun der Journée du livre et du droit d'auteur 2026 wor an der Bibliothéik vum Cycle 4 eng Aktivitéit zum Thema "Liesen am Däischteren". An der stackdäischterer Bibliothéik hunn d'Kanner a Gruppen a mat Hëllef vun enger Täscheluucht verschidden Aufgaben rondrëm dat Thema an de Bicher geléist. Dëst a Form vun engem interaktive Rallye mat der App Actionbound.
Och während der normaler Öffnungszäit vun der Bibliothéik freides an der Moiespaus konnten d'Kanner Bicher an enger Nuetsstëmmung ausléinen.
Gellé-Schoul Bouneweg