Cycle 1 Kolonie zu Munzen
Einfach perfekt :)
Vum 14.Mee bis de 15.Mee waren mir mat 3 Klassen aus dem Cycle 1 an d'Kolonie op Munzen. No vill Opreegung an Organisatioun hate mir 2 immens schéin Deeg zu Munzen. De Carlo (eise Petzi) war als Maskottche mat, do konnt näischt schifgoen.
Ieselreiden, mat der Päerdskutsch fueren, Baken an Déiere fidderen....Een Atelier war méi flott wéi den aneren. D'Spillplaz war natierlech och all Dag Programm.An d'Sonn war vu moies bis owes um Programm. Gutt Iessen an owes e Lagerfeier mat Stackbrout - alles war esou flott an onkomplizéiert.
Ok-den Dag war laang an d'Nuecht nawell méi kuerz, mee all si mer de 15.5.am Nomëtteg mat engem Laachen am Gesiicht heemgefuer.
Wat eng Aventure.
https://www.robbesscheier.lu/de/schulen-und-kindergruppen
Gellé-Schoul Bouneweg