Bibliothéik
An all Gebai ass eng Bibliothéik fir de jeweilege Cycle.
Bibliothéik vum Cycle 1
rue Beving
All Klass geet mat hirem Enseignant emol d’Woch an d’Bibliothéik. D‘Kanner fannen hei Bicher zu all Thema wat si interesséiert, an a puer verschidde Sproochen.
Ausserhalb dovu gëtt d‘Bibliothéik och fir kleng Liesungen oder Aktivitéite benotzt.
Nieft eiser Bibliothéik am Sous-sol hu mir och eng Online-Bibliothéik mat Geschichten op Lëtzebuergesch.
Responsabel: Anne Gloesener, Linda Fautsch
Bibliothéik vum Cycle 2 & 3
rue Gellé
D'Klasse gi regelméisseg mat hirem Enseignant während dem Cours an d'Bibliothéik.
Infobréif zur Bibliothéik vum C2-C3
Responsabel: Aline Kerschen, Carmen Spang, Jill Oesch
Bibliothéik vum Cycle 4
rue des Ardennes
D'Bibliothéik ass all Freides an der Moiespaus vun 9:50-10:10 Auer fir déi interesséiert Kanner op.
Den Accueil vu 7:30 - 7:50 Auer an 13:30 - 13:50 Auer fënnt och an der Bibliothéik statt.
D'Klasse gi regelméisseg mat hirem Enseignant während dem Cours an d'Bibliothéik.
Vun Zäit zu Zäit fannen och Aktivitéite fir d'Liesfërderung an der Bibliothéik statt.
Reglement vun der Bibliothéik liesen
Responsabel: Lex Braun
Gellé-Schoul Bouneweg