Unesco & Charta

Unesco & Charta

Unesco-Schoul

Zënter Juni 2020 ass d'Gellé-Schoul Deel vun den UNESCO Schoulen an engagéiert sech, d'Schüler fir global Problemer a Léisungen ze sensibiliséieren.
Eis Haaptziler sinn d'Wäertschätzung vun der kultureller Diversitéit, eng Kultur vum Fridden an der Gewaltlosegkeet, an d'Léiere vum Zesummenliewen an enger multikultureller Gemeinschaft.
Dësweidere versiche mir Sport a Beweegung ze fërderen an d'Kanner zu engem respektvollen Ëmgang mat onser Ëmwelt z'erzéien.

Unesco

Ons Schoulcharta: Zesummen Ënnerwee

LIEWEN, LÉIEREN, LAACHEN

RESPEKT

  • Mir huelen d’Kanner an déi Erwuessen esou u wéi se sinn.
  • Mir gi friddlech mateneen ëm a léise Konflikter ouni Gewalt.
  • Mir halen eis un d’Reegele vun der Schoul.
  • Mir gi fair a respektvoll mateneen ëm.

RESPEKT FIR D‘ËMWELT

  • Mir passe gutt op eis an aneren hir Saachen op (Schoulmaterial, Kleedung…).
  • Mir halen op gesond Iessen a gi responsabel mat Iesswueren ëm.
  • Mir evitéieren Offall ze maachen a recycléieren sou wéi et soll sinn (Offalltrennung, Recycling).
  • Mir schützen d‘Ëmwelt. (Kee Waasser verbëtzen, mir passen op d’Natur an eis Déieren op, …)

SÉCHERHEET A VERTRAUEN

  • Mir sti fir Schutz a Sécherheet vun de Schoulkanner an (Elteren um Schoulwee, Léierpersonal an der Schoul).
  • Mir passen op eis selwer an op anerer op.  (Mir schützen ons géigesäiteg viru Gewalt, Accidenter an Ongerechtegkeeten am Alldag an am Internet.)
  • Mir schafen e Kader an dem sich jiddereen·t wuel fille kann.

FREED

  • Mir hu Spaass a Loscht dorun, zesummen ze léieren.
  • Mir maachen d‘Schoul zu enger Plaz wou jiddereen·t sech wuel fillt.

RESPONSABILITEIT

  • Op eis ass Verlooss, dass mir eis Roll erfëlle wéi et sech gehéiert.
  • Mir halen eis u Reegelen déi ofgemaach sinn.
  • Mir huelen ons Zäit a weisen Interessi.
  • Mir huelen Defien un.
  • Mir si bereet Responsabilitéit fir eis selwer a fir anerer ze iwwerhuelen.
  • Mir respektéieren eist Material, dat vun deenen aneren an dat vun der Schoul.

GEMEINSCHAFT LIEWEN

  • Mir sinn oppen an dierfen ouni Angscht eis Meenung soen.
  • Mir gestalten eist Zesummeliewe schéin.
  • Mir schaffen zesummen an hëllefen eis géigesäiteg.

VERSTÄNDNES

  • Bei eis ass jiddereen·t wëllkomm.
  • Mir erkenne Gefiller a Stëmmungen an akzeptéieren se.
  • Mir huele jiddereen·t vun do mat wou hat/hien drun ass.
  • Mir interesséieren eis fir di verschidde Liewenssituatioune vun de Familljen a Kanner an huelen dorop Rücksicht.