Freides, den 8. Mee fënnt déi nächst Fika fir all d'Eltere vun de Kanner aus der Gellé-Schoul organiséiert vum Eltere-Comité statt.
Klickt hei fir all Detailer.
Wat ass lass an der Gellé-Schoul?
Freides, den 8. Mee fënnt déi nächst Fika fir all d'Eltere vun de Kanner aus der Gellé-Schoul organiséiert vum Eltere-Comité statt.
Klickt hei fir all Detailer.
Einfach perfekt :)
Vum 14.Mee bis de 15.Mee waren mir mat 3 Klassen aus dem Cycle 1 an d'Kolonie op Munzen. No vill Opreegung an Organisatioun hate mir 2 immens schéin Deeg zu Munzen. De Carlo (eise Petzi) war als Maskottche mat, do konnt näischt schifgoen.
Ieselreiden, mat der Päerdskutsch fueren, Baken an Déiere...
Am Kader vun der Journée du livre et du droit d'auteur 2026 wor an der Bibliothéik vum Cycle 4 eng Aktivitéit zum Thema "Liesen am Däischteren". An der stackdäischterer Bibliothéik hunn d'Kanner a Gruppen a mat Hëllef vun enger Täscheluucht verschidden Aufgaben rondrëm dat Thema an de Bicher geléi...
Dës Woch haten d'Kanner aus dem Cycle 1 d'Chance fir e flott Ouschterspill/Rallye an der Bibliothéik kënnen ze maachen . 6 Aufgaben a 6 Puzzle-Stécker hunn si bei den Hieschen an de "Schatz" geféiert. Merci Linda , fir déi flott Initiative.
Eisen Ouschtermaart de 25.Mäerz war e grousse Succès. Mir hate wéi all Joer nees vun allem gebastelt , Eeër gefierft a gebak. Mir hunn immens vill verkaf a soen hei e grousse Merci de ville Leit,déi komm si fir eis ze ënnerstëtzen.
Sou kënne mir e schéinen Don maache fir " eng oppen Hand fir Ma...